Moof2024
# Lidd liesen Dauer
1 Genuch geschafft 02:51
2 Ech kann dech net leiden 06:06
3 2024 03:43
4 Elektropanzer 05:27
5 Krotzi 05:14
6 Meng Wënsch 04:40
7 Eisen Held 04:31
8 De Star 05:30
Lauschteren kënnt dir d'Lidder op | | Apple music
En groussen merci unn:
© All Texter, Biller, Graphiken, Tounmaterial, Arrangementer a.s.w. ënnerleien dem Copyright

Jo Jo mär hunn nach net genuch
Jo Jo mär sprangen op den Zuch
Komm komm komm sief dobäi
Komm komm mär fillen eis fräi
Héi héi komm so elo net nee
Héi héi dat ass de richtege Wee
Nee nee ech gi nach net heem
Jo Jo doheem waart dach keen

Mär ginn an d’ Wiertschaft
Mär hu genuch geschafft

Jo Jo ech ginn der och e Kuss
Jo Jo mär sprangen op den Bus
Komm mär bleiwen elo hei
Mär bleiwen der Wiertschaft trei
Héi mär hunn eis dat verdéngt
T’ ass Aarbecht déi eis ëmbréngt
Jo Jo t’ ass eis e Pleséier
Jo komm séier nach eng Béier

Mär ginn an d’ Wiertschaft
Mär hunn genuch geschafft
Mär ginn an d’ Wiertschaft
Mär hunn genuch geschafft


All Dag dat selwecht ech kann et net méi héieren
Du laachs engem an d’ Gesiicht an gëss jidderengem d’ Hand
Du weess ëmmer alles besser kanns net verléieren
Mär wëssen dat jo all dofir bass du jo bekannt
Du belitts ee richt an d’ Gesiicht
Du bass ee Ligener bass alles mee net riicht

Ëmmer dat Gesabbels mär setzen an engem Boot
A wann et drëms geet bass du ewéi ëmmer net méi do
Du bass total agebilt bass een Idiot
Du gesäis et net an an lauschters jo net no
Du belitts ee richt an d’ Gesiicht
Du bass ee Ligener mëss engem et net liicht

Ech kann dech net leiden
Am Beschten ass dech ze meiden
Brauchs näischt ze beweisen
Elo sinn ech nach bescheiden
Ech kann dech net leiden
Kanns däin dommt Gesiicht schneiden
T’ass net ze vermeiden
Ech kann dech net leiden

Du bass ganz gutt dran jiddereen ze hannergoen
Du bass äiskal an verspréchs engem, d‘ Gott an Welt
Du géifs esou guer iwwer Läichen goen
A bass deen dee säi Wuert ni hält
Du belitts ee richt an d’ Gesiicht
Du bass ee Ligener hues dech selwer gebiicht

Ech kann dech net leiden
Am Beschten ass dech ze meiden
Brauchs näischt ze beweisen
Elo sinn ech nach bescheiden
Ech kann dech net leiden
Kanns däin dommt Gesiicht schneiden
T’ass net ze vermeiden
Ech kann dech net leiden


SlapFight do gëtt et eng op de Bak
Haaptsaach et fléisst Geld an den Sak
Am Käfeg gëtt geschloen bis op Blutt
Do gëtt et eng an d’Maul mär fannen dat all gutt

Sex an Gewalt gëtt et am Iwwerfloss
Vun allem ass dobäi dat ass ee Genoss
Il y a la nouvelle génération
Et gëtt eng an de Kino an eng op d’ A

2024
Du kanns mech
sief net granzeg

2024 Anal an eiskal
t ass dach kee méi normal
Mär hu scho vill gesinn.
Wee wëll da schonn normal sinn

Porno an Exzess am Netz nëmme Kretz
Du bass gefaangen am Spannennetz
Et kommen Zäiten vum Darth Vader
Bis dann see you later Alligator

2024
Du kanns mech
sief net granzeg

2024 Anal an eiskal t ass dach kee méi normal Mär hu scho vill gesinn. Wee wëll da schonn normal sinn 2024 Anal an eiskal t ass dach kee méi normal Mär hu scho vill gesinn. Wee wëll da schonn normal sinn


Mär zerstéieren eis Welt.
Kucken wéi laang se nach hält.
De Klimawandel ass do.
An d’ Sonn kënnt ëmmer méi no.
Un de Klimaschutz halen.
Beem falen alles ofhaen.
Den Himmel ass nach blo.
Net méi laang dann ass en gro.
Dréck a Plastik schwëmmt am Mier.
Microplastik am Gehier.
Nach ëmmer näischt gecheckt.
Alles alles geet vreckt.

Mär zerstéieren eis Äerd.
D’ Mënschheet ass näischt méi wäert.
Den Himmel voller Stëbs.
Atom am Reen an der Drëps.
Den Dreck kann ee schmaachen.
Biozombies erwaachen.
Mer brauche Bio Gaass.
Fir de Panzer fir den Haass.

Elektropanzer a Bioplastik Bommen mär kommen
mär kommen mär schéissen mat Waasserstoff Bommen
Elektropanzer a Bioplastik Bommen mär kommen
mär kommen mär schéissen mat Elektroplastik Bommen

Mär zerstéieren eis Welt.
Fir ëmmer ëmmer méi Geld.
Wou hier kënnt d’ Energie .
Mär léieren dat warscheinlech ni.
Biowaffen am Iwwerfloss.
Co2 gerecht gëtt geschoss.
Alles zerbommt an zerstéiert.
All déi Zäit näischt geléiert.

Elektropanzer a Bioplastik Bommen mer kommen
mer kommen mer schéissen mat Waasserstoff Bommen
Elektropanzer a Bioplastik Bommen mer kommen
mer kommen mer schéissen mat Elektoplastik Bommen

Elektropanzer a Bioplastik Bommen mär kommen . . .

Elektropanzer a Bioplastik Bommen mär kommen . . .


Hee loung op Glas krut e Steen op d’ Broscht geluecht
Fir kënnen drop ze schloen hunn d’ Leit bezuelt
Fir de Spektakel och emol Mais gefriess
Een Humpen ausgedronk an Glas drop giess

Knäpp un d’ Haut ugebitzt an d' Hiem drun ugeknäppt
Dat ganzt mat enger Blimmchen opgepäppt
Fir en Boni eng Schmier mat Neel gefriess
Heen ass bis haut bis haut net vergiess

Vum Minette bis an Stadt war hee bekannt
Jidderee Jiddereen huet hee kannt
am ganze Land war de Krotzi bekannt.
Krotzi Krotzi hunn si hee genannt
Vum Minette bis an Stadt war hee bekannt
Jidderee Jiddereen huet hee kannt
am ganze Land war de Krotzi bekannt.
Krotzi Krotzi hunn si hee genannt

Hee wollt sech kräizege loossen dat hu si verbueden
Op der Fouer fir een Humpe begruewen
Si hunn de Krotzi oft operéiert
Mat enger Gillette huet heen d’ Leit inspiréiert

Vum Minette bis an Stadt war hee bekannt
Jidderee Jiddereen huet hee kannt
am ganze Land war de Krotzi bekannt.
Krotzi Krotzi hunn si hee genannt
Vum Minette bis an Stadt war hee bekannt
Jidderee Jiddereen huet hee kannt
am ganze Land war de Krotzi bekannt.
Krotzi Krotzi hunn si hee genannt


Nach ëmmer Kanner an der Aarmut liewen
op der sich no enger bessere Welt
Eis einfach an den Hänn ewech stierwen
mësshandelt a verkaf, vir Macht a Geld

Haut nach ëmmer Präsidenten hetzen
aplaz fir de Fridden anzestoen
Esou laang sech Rassiste kënne bretzen
huet dat Wuert Fräiheet näischt ze soen

Dee gréisste Virus op dësem Planéit, ass de Mënsch
Zerstéiert all meng Dreem a meng Wënsch
Dee gréisste Virus op dësem Planéit, ass de Mënsch
Zerstéiert all meng Dreem a meng Wënsch

Wat ech gesinn vergëft mäi Verstand
all déi Biller huele mär mäi Schlof
Ech sinn total ausgebrannt
déi däischter Dreem zéien een erof

Dee gréisste Virus op dësem Planéit, ass de Mënsch
Zerstéiert all meng Dreem a meng Wënsch
Dee gréisste Virus op dësem Planéit, ass de Mënsch
Zerstéiert all meng Dreem a meng Wënsch

Wou bleift dem Mënsch seng Mënschlechkeet
wou ass dat Matgefill an dei Toleranz
Weess dann nach iwwerhaapt een ëm wat et geet
all dee ganzen Haass an déi politesch Arroganz

Dee gréisste Virus op dësem Planéit, ass de Mënsch
Zerstéiert all meng Dreem a meng Wënsch
Dee gréisste Virus op dësem Planéit, ass de Mënsch
Zerstéiert all meng Dreem a meng Wënsch


Eisestaang Houfeisen Honnerte Neel gebéit
De Rekord gehalen An d’ Riserad gedréint
Zwee ganz Kaartespiller An d’ Telefonsbuch zerrappt
De Rekord gebrach Bal den Herkules Grün geklappt

An den Zänn eng Ketten Mat de Féiss gehalen
All Kette gesprengt 3 Cessna ugehalen
Mat den Zänn gezunn En 20 tonnen Zuch
Erëm eng Geschicht Fir an d’ Rekorde Buch

Bekannt op der ganzer Welt
Bescheiden houfreg Rekorder hält
Georges Georges Christen
Eisen Held

Gummiwaarmfläschen opgeblosen Oder e Bus gezunn
An eng Bréck ugehalen a nach e Schëff gezunn
Op den Dësch gesat Mat den Zänn gehalen
An d’ Lucht gehuewen de Georges dee léist kee falen

Bekannt op der ganzer Welt
Bescheiden houfreg Rekorder hält
Georges Georges Christen
Eisen Held

Bekannt op der ganzer Welt
Bescheiden houfreg Rekorder hält
Georges Georges Christen
Eisen Held


Do steet heen am grelle Liicht - Ass wäiss a bleech am Gesiicht
Een Idol ee Star - Vergësst ni vu wou heen emol war
Ganz kleng huet heen ugefaang - Heen denkt net zeréck dat ass scho laang
Mat vill Méi vill Gedold - Et ass dat wat hee wollt

Onsécher an och emol schei - Trëtt heen haut aus der Rei
Haut ass hee bekannt an einfach gutt - Dat läit him ganz einfach am Blutt
Hee kuckt dech du hues keng Rou - Du gëss geckeg allez go
Du bass ewéi geläämt kanns net dofir - An hee kënnt elo ganz no vir

Mäi Star mäin Idol Rock and Roll Alkohol
Total bekannt an ausgebrannt
Sex drugs and Rock and Roll keng Kontroll
Mäi Star mäin Idol Rock and Roll Alkohol
Total bekannt an ausgebrannt
Sex drugs and Rock and Roll keng Kontroll

Heen huet där zougelaacht - Dorop hues du scho laang gewaart
Dat alles just fir dech - Ewéi 1000 Messer Stéch
Hee steet elo virun der do - Du bass him elo ganz no
Du mengs heen hätt dech erkannt - An du vergëss dat ni dat ass wéi agebrannt

Mäi Star mäin Idol Rock and Roll Alkohol
Total bekannt an ausgebrannt
Sex drugs and Rock and Roll keng Kontroll
Mäi Star mäin Idol Rock and Roll Alkohol
Total bekannt an ausgebrannt
Sex drugs and Rock and Roll keng Kontroll

Hee setzt an enger däischterer Bar - Heen ass nach ëmmer eise Star
Een Humpen an eng Drëpp - Schonn oft gesprong vun der Schëpp
Ass wäiss a bleech am Gesiicht - Heen hat et net ëmmer liicht
Vergësst ni vun wou heen emol war - Dat huet heen zum Star gemaach

Éiweg Power alles drop gemaach - Dat alles huet hee fir dech gemaach
Denks un Zäit mëss d’ Aen zou - Dat bréngt dech total aus de Rou
Lauschters d’ Musek dénks un heen - Nach ëmmer wackeleg op de Been
Heen ass dout an net méi do - An awer nach ëmmer ganz ganz no

Mäi Star mäin Idol Rock and Roll Alkohol
Total bekannt an ausgebrannt
Sex drugs and Rock and Roll keng Kontroll
Mäi Star mäin Idol Rock and Roll Alkohol
Total bekannt an ausgebrannt
Sex drugs and Rock and Roll keng Kontroll