2012 = 20 Joer Moof !!
Mär sinn:
Lex - Gesang ann chef d'orchestreBernard - Guitar
Rom - Keyboards
Carlo - Bass
Sim - Drums
Ex-Member:
Marc - GuitarGrënnung:
Am Februar 1992 huet den Alex sech mam Sim, den virdrun schonn bei der Band Reality mat gespillt huet,an Verbindung gesat fir eng Band ze grënnen.
Am Juni 1992 koumen dunn den Marc, Rom an den Carlo derbäi.
Si haten kuerz virdrun hir Band Exit opgeléist.
Vun do un war d'Formatioun komplett, an et huet just nach missen geprouft ginn.
Numm:
Den Numm kennt vun der Fuerf Mauve, mee well déi Schreifweis eis optësch net gefall huet,hunn mir en einfach ëmgeschriwwen.
Stil ann Texter:
Den Stil geet von Rock bis Hardrock, eben "Moof-Rock". Am Ufank hunn mir och nach Texter op englesch gemaach,mee zënter 1994 sinn se nach just op lëtzebuergesch.
D'Texter sinn iwwert Gewalt, Rassismus, Drogen oder Fräiheet, eben Themaen wou d'Leit sech domat identifizeieren.
Live-Optretter:
Am léiwsten spillen mär Live well mär gären den Kontakt mam Publikum hunn.Vun 1993 bis elo konnten mir bei fillen Concerten, Open-Airs ann Festivalen matmaachen, wëi z.b. als Support-Act bei Status Quo, Stan Webb's Chicken Chack, Golden Earring ...
Preisser:
1996: Best Pop/Rock 1996 vum Eldoradio1998: Best Live-Band 1998 vun der Zeitschreft "DIP"
1998: Best CD 1998 vun der Zeitschreft "DIP










