Heem

Waat lëft

Curriculum

CDen & Texter

Gallerie

Louef-Eck

Links & Downloads

Ouni Garanti

Abrëll 1996

[Gummi]   [Gë mer méi Geld]   [T as ze spéit]   [Gë mer nach eng Chance]   [Ech well nët stierwen]   [Sténkeg Féiss]   [Fir wat]   [Ech kommen déif geflun]   [Moofe Blues]   [Neelen (Ouni Garanti)]

Cover Booklet Cover

 

Gummi

Haut den Owend as eng lass am Zelt,
do dët et keen dee mech roueg hält.
Ech gin dohinner fir vill ze laachen,
mat vill Chance och fir een ze maachen.
Ech waarden jhust op méng Geleënheet,
Schäissegal ech sin zu allem bereet,
zu allem bereet.

Stell der fir - ech hätt dech nët begéint
Ech hat zefill gesoff - a vill getéint
Stell der fir - ech hätt dech nët gefrot
Ech hat a Gummi - du hues Jo gesot.

Um Contuar hun ech eng Fra gesin
do gët nët iwwerluegt, do muss ech hin.
Ee Bléck an mär sin am Gespréich,
et gët waarm an mäi Kolleg geet heisch.
Ech geroden an Verleënheet,
Schäissegal ech sin zu allem bereet,
zu allem bereet.

Stell der fir - ech hätt dech nët begéint
Ech hat zefill gesoff - a vill getéint
Stell der fir - ech hätt dech nët gefrot
Ech hat a Gummi - du hues Jo gesot.

Ech sin Solo op kee Fall en Säitesprong,
ech spieren schon säi Spaut op menger Zong.
Et gët geknutscht an Hänn sin am Spill,
ech mengen hei am Zelt gët et zefill.
Hatt seed zu mir komm elo gët een gemeet,
Schäissegal ech sin zu allem bereet,
zu allem bereet.

Stell der fir - ech hätt dech nët begéint
Ech hat zefill gesoff - a vill getéint
Stell der fir - ech hätt dech nët gefrot
Ech hat a Gummi - du hues Jo gesot.

 

Zerëck


Gë mer méi Geld

Mengs du; du wäers dee richtegen Kandidat,
fir dëst Land, fir dëse Staat.
Bas du deen deem wiirklech alles geléngt,
oder deen dee nëmmen frëndlech wénkt.
Hues du der iwwer Problemer de Kapp zerbrach,
op jiddefall hues du schon immens vill versprach.

An der Politik ëm Geld gestridden,
erëm dee Klengen huet gelidden.
Geldproblemer huet keen vun äech alleguer,
geet et ëm dee Klengen dann si der Stur.
Mat enger décker Rent gi der an d'Pension,
an den Aarbechter plôt sech mat séngem klengen Hongerloun.

Gë mer méi Geld - Eng elle Welt
gë mer - gë mer
Du bas deen dee säi Wuert hält,
dee säi Wuert hält.
Da gë mer, ge mër méi Geld!

Regelen gebrach - Vill versprach
dat gët erem deier.
Konzept perfect jhust nët korrect,
ëmmer erëm déi selwecht Leier.

Sin erëm Walen dann maach der vill Tam-Tam,
ween huet Geld fir di beschte Reklam.
Keen wees esou richteg wat mam Geld geschitt,
dee Froën stellt, huet nët fir laang, dee flitt.
'T as erëm Zäit mär gin erëm wielen,
't as nët anescht, wat wells de maachen,
dat as d'Liewen.

Gë mer méi Geld - Eng elle Welt
gë mer - gë mer
Du bas deen dee säi Wuert hält,
dee säi Wuert hält.
Da gë mer, ge mër méi Geld!

 

Zerëck


T as ze spéit

Schluss mat ménger Moss,
well bei mengem Verstand war vir hat al Hellef verluer.
Leit mengen al ech waer verréckt,
an ech misst onbedengt an eng Kur.

Dee ganzen Dag denken ech un Saachen
an absolutt näischt schéngt mir zefridden.
Ech verléieren mäi Verstand well
mäi Gehir huet zefill gelidden.

Komm hellef mär,

Ech brauch een vir mär di Sachen ze
weisen di ech am Liewen nët gesinn.
Saachen di glécklech maachen,
kann ech nët fannen, me ech muss blann sinn.

Mach een Joke an ech wäerd verlaangen
Ech wäerd kräischen an du wärs laachen,
D'Leift as vir mech keng Wiirklechkeet
well spieren kann ech absolut keng Freed.

Vir dech as d'Liewen Realitéit,
Ech soen der d'Liewen as geléint.
Ech soen der genéiss däi Liewen,
Ech wënsche mer ech kéint
awer t'as ze spéit.

 

Zerëck


Gë mer nach eng Chance

Ech wees dass ech total am Feler sin,
 Mär kennen eis schon esou laang,
du wäers mär jo verginn.
Ech hat nët iwwerluecht.
Ech woust jo nët
dass et fir dech esou schlëmm kéinnt gin.

 Du muss mär nach eng Kéier vertrauen,
ech verspriechen där
ech wäert keen Schäiss méi bauen,
keen, keen Schäiss méi bauen.

 Ech hun mäi Feler jo agesinn.
Komm so mär dach endlech,
wou ech mat där dru sin.
Ech hat nët iwwerluecht.
Mee so nëmmen nët
ech géif dech nët méi erëm gesin.

 Jo ech wees ‘t as alles meng Schold
Mee gleef mär,
ech hun dat wiirklech nët gewollt
nët, wiirklech nët gewollt.

 Gë mer nach eng Chance – komm probéier nach eng Kéier.
Gë mer nach eng Chance – ech kann nët dofir.
Gë mer nach eng Chance – wann den Vull steet, steet d’Gehir.

 Ech wees et deet bestëmmt schéi wéi.
Mär kennen eis schon esou laang,
ech schwieren et geschitt ni méi.
Ech wees du hues jo recht.
Komm zeréck, so jhust nët zu mär
mat där ni méi.

 Ech kann déng Gefiller jo verstoen.
Ech sot jo deet mer leed,
wat soll ech dann nach soen.
wat soll ech dann nach soen.

 Gë mer nach eng Chance – komm probéier nach eng Kéier.
Gë mer nach eng Chance – ech kann nët dofir.
Gë mer nach eng Chance – wann den Vull steet, steet d’Gehir.

 

Zerëck


Ech well nët stierwen

Ech weust et war schlecht an verbueden,
mee fir eng Kéier kann et dach nët schueden.
Déi éischte Kéier war wiirklech genial,
fir wat nët nach eng Kéier,
dat Gefill dat war brutal.
Wéei as ët gaang, ech hung all Dag op der Gaar,
d’Wiirkong huet nogelooss,
nach just haut an net méi Mar.

 Ech hat geklaut, sin Doheem erausgeflun,
näischt mei agesinn an op der falscher Bunn.
Op der Sich no enger Pochette Kären,
keng Kollegen, keng Frënn,
nëmmen nach Blowen gären.
 ‘t as séier gaang ech hat mat Botteren ugefang,
mäi Liewen as op eng Kéier nëmmen méi ëm
de nächste Schoss gaang.

Ech war gär wéi Si – Krank a Mëll
Némmen Ecstasy – nëmmen eng Pëll
Koks an Eitsch – war mäi Verdierwen
Hëllef – ech well nët stierwen

All Dag an der lénker falscher Zeen,
bleech am Gesiicht an wackeleg op de Been.
E bëssen Eitsch an keng Oder fond,
eng bluddeg ruckelzeg Schéiss,
an total um Hond.
Riesen Pupillen, äiskal, an déck um Aaf,
am Prisong gelandt, Brongen an Wäissen verkaaf.

 Ech war gär wéi Si – Krank a Mëll
Némmen Ecstasy – nëmmen eng Pëll
Koks an Eitsch – war mäi Verdierwen
Hëllef – ech well nët stierwen

 Ech war gär wéi Si – Krank a Mëll
Némmen Ecstasy – nëmmen eng Pëll
Koks an Eitsch – war mäi Verdierwen
Hëllef – ech well nët stierwen

Zerëck


Sténkeg Féiss

Si kennen kee Power an kéng Auer.
 Op Dauer nët zeideg, si se schéin sauer.
Wat wees ech, mee ech, där oder mär.
Ween huet de schon faul Objeen gär.
Was de gëss, keng Anong, Nëss hun Nëss,
Kee Gebess, gewëss, alles schneit eng Schnëss.

 Uebst an Geméis, ruckelzegt Gefréis
D’Freed as verduerwen – Faulen Buedem
Zéiwen voller Kéis – Sténkeg Féiss

 Erëm gët sech em den Dünger gestridden.
Keen as mat der Ozon Sonn zefridden.
Egal ween Kabes Mätsch Quetsch oder Bier.
Bei hinnen alleguer verkënnt d’Gehir.
Vill Mätsch an Bulli, déck Knuppen Dreck.
Do feelt en Eck, oh Leck, oh Vreck – oh Vreck. 

Uebst an Geméis, ruckelzegt Gefréis
D’Freed as verduerwen – Faulen Buedem
Zéiwen voller Kéis – Sténkeg Féiss

 Wat as dee Kabes déck an fett.
E gët gekillt vun der Porett.
Bas de zeideg, fiirs de béis ewech.
Gutt geschafft, gës gebafft, du has Pech.
Dat hei as d’Geschicht, mee wou as d’Moral ?
Ganz einfach, Uebst an Geméis gët nët al !!!

 Uebst an Geméis, ruckelzegt Gefréis
D’Freed as verduerwen – Faulen Buedem
Zéiwen voller Kéis – Sténkeg Féiss

Zerëck


Fir wat

Eng Angscht et kommen Gefiller
ech maachen d’Aën zou,
ech hätt gär ganz einfach méng Rou.
Du kënns nët méi heem
déi Zäit as schlëmm,
mär bleiwen méng Drrem
du kënns nët méi erëm.

 Op ee Schlag esou schwaach,
alles huet geännert,
ech fillen mech eleng ; Keng Äntwert.
Fir wat jhust grad du
Mär hun nach esou vill Fir gehat !
Fir Wat, Fir wat
Mär hun nach esou vill fir gehat !

 Fir mech wars du alles,
alles, wat et gët,
eng Péng ech Verstin et einfach nët.
Ech kann esou nët mei
d’Erënnerung esou no,
Et deet esou wéi
du bass nët méi do.

 Op ee Schlag esou schwaach,
alles huet geännert,
ech fillen mech eleng ; Keng Äntwert
Fir wat jhust grad du
Mär hun nach esou vill fir gehat !
Fir wat, fir wat
Mär hun nach esou vill fir gehat !

Zerëck


Ech kommen déif geflun

Géi mer nët op d’Nerven
‘t as nët wouer.
Bleif einfach cool
an maach mär dach keen Ouer.
Maach keen an de Läpp
‘t as eng al Kamell.
Wat heescht hei schnell schnell,
du bas op der falscher Well.

 

 Ech loosen alles falen – ‘t as elo un.
Ech sin nët ze halen – ech kommen déif geflun.
ech kommen déif geflun.

 

Stress nech dach nët – mach emol eng un.
Alles mat der Rou – ech hun dach näischt dovun.
Ech brauch méng Fräiheet d’as main gutt Recht.
An de Recht, di Aarbecht di gemeet as,
as di bescht.

 

Ech loosen alles falen – ‘t as elo un.
Ech sin nët ze halen – ech kommen déif geflun.
ech kommen déif geflun.

 

Alles as an Panik – mär huet deen Joke gefall.
Pickt mech kee Meter – ech hun de dach nach all.
Wat heescht hei schlecht behuelen
 ‘t as dach näischt geschitt.
Alles Bullshit, dat heet den Eskimo vum Schlitt.

 

Ech loosen alles falen – ‘t as elo un.
Ech sin nët ze halen – ech kommen déif geflun.
ech kommen déif geflun.

 

Zerëck


Moofe Blues

Et geet gemittlech mam Auto iwwert d’Stroos,
d’gët ee geräpst an ee geloos,
Do hannen eng Moss,
Merde wat huet dat Luten,
do gët net laang gekuckt,
do muss een einfach tuten.

 

Dat heien as de Moofe Blues.
an an der Täsch absolutt kee Flues.

 

Wat sin mär dach fir verhouert Sai,
mee soss sin mär awer an der Rei.
Dohannen eng Moss,
Merde wat huet dat Aschbaken.
eng domm Bemierkong
schon huet hatt mer eng misse klacken.

 

Dat heien as de Moofe Blues.
an an der Täsch absolutt kee Flues.

 

Strapsen an e gäile Slip,
beis Figur komm maach emol e Strip.
Tippesch Tip, mär stin eben do drop.
Komm maach déng Blus
maach déng Blus,
maach déng Blus dach emol op.

 

Dat heien as de Moofe Blues.
an an der Täsch absolutt kee Flues.

 

Trotzdeem hun mär Gefiller an der Panz,
T’as nët einfach mat engem Scgwanz.
Dohannen eng Moss, Merde wat huet dat Been.
Ech méngen ech gin geckeg,
hee Wirt gë mär nach een.

 

Dat heien as de Moofe Blues.
an an der Täsch absolutt kee Flues.

 

Zerëck


Neelen (Ouni Garanti)

Neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, OAAAAHHHHHHHH, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, neelen, OAAHHHHHH ....

Zerëck


 


[Heem]  [Waat lëft]  [Curriculum]  [Gallerie]  [Louef-Eck]  [Links & Downloads]
(c)Remiche Carlo


LuxHosting Hébergements