Heem

Waat lëft

Curriculum

CDen & Texter

Gallerie

Louef-Eck

Links

Fonkelnei

September 1994

[Wasser mai Gehir brënnt]   [Kozefrësser]   [Pure Sex]   [Hey Hey Biker]
Fucking jealousy   [Rassismus]   What was yesterday   [T'as eriwwer]  

Fonkelnei cover

 

WAASER MAI GEHIER BRENNT

Ech hun d'Realitéit verluer
mat Rock sin ech wéi nei gebur
déck Pärelen op der Stir
dat gett brutal an d'Gehir

Alles flippt an d'Hoër fléien
't ass kee méi ze kréien
alles as as op honnert
merde, wat dee Rythmus donnert

Waaser mai Gehir brennt
ech hu Rock gäre schnell
Waaser mai Gehir brennt
ech sin en Rock n'Roll Rebell
Waaser mai Gehir brennt
kommen ech dofir an d'Hell
Waaser Waaser

Nëmme power, d'Spotten brennen
't as nët fir ze pennen
décken Damp, d'Zigaretten sténken
't as waarm, d'Aen blénken

Wat eng Moss, eng rau Rapp
mär explodéiert gläich de Kapp
merde wat eng Figur
ech mengen ech sin verluer

Waaaser ...

Zerëck


KOZEFRËSSER

Domm an deemlech schwätzen
an sech dobäi bretzen
Den Aasch ni bewegen a Geld heeschen
keng spur vun Kollegen
du kanns einfach keng Kollege kréien
domm an deemlech muss ëmmer léien
mengs du wärs en Alleswësser
mä nee, en dommen décke Schnësser

Du bas a Kozefrësser
jo du hues ët erkannt
du gëss Kozefrësser genannt

Du hues ët 'sou gewollt
't as déng ege Schold
ëmmer nëmme kloën an ee ploën
ëmmer erëm versoën
du muss ëmmer erëm de mëlle markéieren
domm an deemlech kanns de nët verléieren
mengs och nach du w¨rs en alleswësser
mä nee, en dommen décke schnësser

Du bas e Kozefrësser
jo du hues ët erkannt,
du gëss Kozefrësser genannt

Domm an deemlech braddlen
an eng Oper sabblen
décke Scotch um Brëll
an total Mëll
Wees de iwerhaapt wats de wëlls
du kanns einfach näischt akzeptéieren
domm an deemlech muss dech blaméieren
mengs och nach du wärs en Alleswësser
mä nee, en dommen décke Schnësser

Du bas e Kozefrësser ...

Zerëck


PURE SEX

Are you feeling as hot as me tonight
i'd rip off you're clothes please don't fight
Just let yourself go let's feel our lust
let's make love like animals without any must
We're joining for the deepest pleasures
together we don't know any measures
I will never get enough from you
trust me babe, you and me, it's true

Pure sex - I can do what I want with my dreams
Pure sex - I can make them so real that she screams
Pure sex - I can look where I want with my eyes
Pure sex - My eyes never tell me any lies

Come on babe don't be so prude
I love you so much more nude
Forget all about learned morality
all your body wants to know is extasy

Pure sex ...

Zerëck


HEY HEY BIKER

hie klëmmt op säi feierstull, am tank genug benzin
hei gët gaass, t as séng medezin
wat d'leit vun him halen as him egal
déi eiweg al leier déi as schon al
hien as riecht eraus, wëllt sech amedéiren
wat verstöen d'leit ënnert d'ziviliséiren
hey hey biker easy rider

hie fiert op en treffen, a kënnt béis geschoss
hannen op der millen eng béis moss
hat dréckt sech un hien, hie kann ët spiren
jo dat motofueren geet an d'niren
et geet op en treffen, hie gët gaass
et gët och zäit fir e b'esschen spaass
hey hey biker easy rider

hie kl¨mmt op sein feierstull
a bretscht séng maschin
fueren as säi liewen, a séng medezin
egal wéi e wieder, t'geet ëmmer op den tour
dat leit am bludd, dat as séng natur
op séngem feierstull fillt hien sech fräi
egal wou eng lass as, as hien dodäi
hey hey biker easy rider

Zerëck


RASSISMUS

schwaarz oder wäiss
ech maachen keen ennerscheed wéint der haut
"rassismus, nee merci!" gët gejaut
dat schlëmmsten déier op dësem planet
d'mënschen, d'liewen vergeet
mär liewen all op enger welt

wann dat esou virugeet, gesin ech dass se fällt
bekuckt iech all an dréint iech ëm
rassismus bréngt gefiller ëm
et as eppes wat mech bedréckt
eis kanner gi brutal, d'm¨nschheet as total verréckt

bluddege kuss - rassismus
halt iech eweg, där fuert eweg

wat as bei de rassen den ennerscheed
zerstéiert, weem deet ët leed
d'menschheet huet d'leift verluer
mëmmen nach haass, wéini geet ët duer

bluddege kuss - rassismus
halt iech eweg, där fuert eweg

Zerëck


T AS ERIWWER

wat soll ech maan
't as eriwwer, hat as gaang
wat hun ech falsch gemeet
ech vergiessen,jo dat vergeet
ech wollt nët verson
't as schwéier ze versto'n
't as d'leift déi mir felt
ech verlaangen mä dat vergeet
ganz eleng, ech kann ët spiren
jo war eng schéin zäit
ech wees ech muss mäi liéwe liéwen
't as jhust u mär u deem dat läit

mir ware verschidden
d'erwaardung ni zefridden
no gefiller ni gefrot
vergiess mëch, huet hat gesot
ganz eleng, ech kann ët spiren
jo war eng schéin zäit
ech wees ech muss mäi liéwe liéwen
't as jhust u mär u deem dat läit

Zerëck

 


[Heem]  [Waat lëft]  [Curriculum]  [Gallerie]  [Louef-Eck]  [Links & Downloads]
(c)Remiche Carlo


LuxHosting Hébergements