Heem

Waat lëft

Curriculum

CDen & Texter

Gallerie

Louef-Eck

Links & Downloads

Demo

November 1993

[Tätowéiert]   World in Flames   [Kéen vläicht]   What they say   [Doudegriéwer]   Iron Girl   [Moof]

Demo cover

 

Tätowéiert

Matt Geld ass én eppes op deser Welt,
mär mâchen âwer wät eis gefällt.
Mär fillen eis net drëckeg,
mär sin just gëckeg.

Klasséiert, well et ass én tätowéiert,
trotzdem äwer net frustréiert.

Jiddferengem säin Schäissdrëck stënkt,
ett ass net mëmmen Gold wât blënkt.
Dât ass net grâd dât bëscht,
fierwât sin dann die Gëckeg die schlëcht ?

Klasséiert, well et ass én tätowéiert,
trotzdem äwer net frustréiert.

D'Welt ass total op der Kopp,
um Trip, an net gudd drop.
Mär wëllen kén Streit,
mär gin einfach mat der Zeit.

Klasséiert, well et ass én tätowéiert,
trotzdem äwer net frustréiert.

 

Zerëck


Kéen vläicht

Hues du eng Kläpperei,
dann ass alles an der Rei.
Zerappt ass däin Gezäi,
d'Schnëss bluddeg, wât eng Sauerei.
Hôa fier d'eischt, du Béischt !
Emmer bei dénen éischten,
léiss dech net gären tréischten.
Fierwât ëmmer streiden,
wât kann dât bedeiten?
Hôa fier d'éischt du Béischt !

Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, am Kapp näischt !

Hues du eng Kläpperei,
dann ass alles an der Rei.
Alles huet gewibbelt,
well deng Fâuscht kribbelt.
Näischt am Kapp, total am Schapp !

Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, am Kapp näischt !

Ett huet erem gerabbelt,
dô huet een zevill gebraddelt.
Voll an d'Zänn, ei dei sëtzt,
ei wée dât Bludd esou sprëtzt.
Keen Gefill, total débill.

Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, nëmmen Fäischt !
Kéen Villäischt, am Kapp näischt !

 

Zerëck


Doudegriéwer

Ett gétt matt der Schëpp iwert den Kièrfecht,
d'Géschter si erem lièweg.
Du renns mam Spuet an den Buedem,
erféiert gin nëmmen d'Mueden.

Du stèss am Bulli, "Merde" wéi dât mëfft,
dât ass dât Läichegëft.
Du hëll's frech Loft bei schlechtem Gestank,
Drënkgeld wär den Dank.

Doudegrièwer, dén Job schléid gär op d'Liewer.
Doudegrièwer, d'Schëpp ass Tromp bei all Wièder.
Doudegrièwer, du bass gudd dropp.
Doudegrièwer, ass däin Job.

Am Lach läit eng Läich, total an Fatzen,
ech mengen, ech muss gläich katzen,
ech muss gläisch kaaaaatttttzen.

Du gesäiss se kommen matt der Këscht,
ett huet erem een erwëcht.
D'stung an der Zeitung, "jo jo gelies"
irgendwann gett én vergièss !

Doudegrièwer, dén Job schléid gär op d'Liewer.
Doudegrièwer, d'Schëpp ass Tromp bei all Wièder.
Doudegrièwer, du bass gudd dropp.
Doudegrièwer, ass däin Job.

 

Zerëck


Moof

All Freidenowend dann gin ech eraus,
dann flippen d'Kâpen och erem aus.
Näischt kann mech béien, näischt schrëckt mech ôf,
bei esou léif Typen gesin ech nëmmen nach Moof.

Hun ech och kén Wäk fier eng Dröpps Benzin,
dann bleiwen ech cool, an verzéien keng Minn.
Dann kommen ech trotzdém dohinner wou ech well,
dann mâchen ech "Stopp", ech sin dach nët mell !
Näischt kann mecj béien, näischt schrëckt mech ôf,
bei esou enger Sâch gesin ech nëmmen Moof.

Ech wéss nett wât mâchen, dôfier gin ech op en Bâl,
ech hätt gär eng Flâm, dier wësst jô firwaat !
Eng Moss um Comptoire, hun ech erblëckt,
ech mengen ech gin verrëckt !
Näischt kann mech béien, neischt schrëckt mech ôf,
bei esou enger Moss gesin ech nëmmen Moof

Ooh! - Ech schmelzen wéi en Stëck Zocker,
ech sôt "Salut", dö lung säin Typ vum Hocker !
Näischt kann mech béien, näischt schrëckt mech ôf,
bei esou engem Typ gesin ech nëmmen nach Moof.

Beim Danzen dô ass ett geschitt,
ech hun mech verléift, an dât nett fier d'éischt.
Dén éischten Kuss krûtt ech bei enger Zigarett,
dât wuar bei him doheem am Bett, jô am Bett!
Näischt, näischt kann mech béien, näischt schrëckt mech ôf,
bei him dô gung mär en herrlechen ôf.
en herrlechen ôf.

Oh! Oh! Oh! Ohhhhhhhh!

All Freidenowend dann gin ech eraus,
dann flippen d'Schecksen och erem aus.
Näischt kann mech béien, näischt schrëckt mech ôf,
bei esou vill Mossen gesin ech nëmmen nach Moof.

 

Zerëck


 


[Heem]  [Waat lëft]  [Curriculum]  [Gallerie]  [Louef-Eck]  [Links & Downloads]
(c)Remiche Carlo


LuxHosting Hébergements